Les Lundis de l’ONJ

EN ABLÉCK AN D’KLASSESCH MUSEK


Déi véiert Serie vun de Lundis de l’ONJ fokusséiert sech op d’Komponiste vun der Saison, hir Wierker an op de Gebrauch vun den Orchesterinstrumenter. Als Gäscht begréisst de Pit Brosius Musiker·innen aus de Reie vum ONJ, déi op deene verschiddenen Owenter sech selwer an hir Instrumenter presentéieren. Nieft dem Lauschtere vun enger Hellewull un Opnamen, entstinn Diskussiounsronnen, déi jonk Musiker·inne spille Beispiller vir a mir entdecken zesumme wéi de jeeweilege Komponist d’Instrument agesat huet. Des Owenter riichten sech u Meloman·innen, Museksinteresséierter, Hobbymusiker·innen an u Leit, déi wéineg Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt

Keng musikalesch Virkenntnesser néideg

Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch

Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht:
 mail@onj.lu

 

SAISON 2025/26

MÉ 20.10.25, 19h | Den Joseph Haydn an den Cello
Gaascht: Désirée Bonacci

MÉ 15.12.25, 19h | Den Igor Stravinsky an d’Perkussioun
Gaascht: Christophe Pütz

MÉ 19.01.26, 19h | De Wolfgang Amadeus Mozart an d’Trompett
Gaascht: Philippe Neumann

MÉ 16.03.26, 19h | De Jean Sibelius an d’Flütt
Gaascht: Mika Gieres

MÉ 18.05.26, 19h | De Sergeij Rachmaninov an en neit Wierk vum Hy-Khang Dang
Gaascht: Hy-Khang Dang