LES LUNDIS DE L’ONJ – 4

EN ABLÉCK AN D’KLASSESCH MUSEK – SIBELIUS & FLÜTT


Gaascht:
Mika Gieres
Moderatioun: Pit Brosius

Déi véiert Serie vun de Lundis de l’ONJ fokusséiert sech op d’Komponiste vun der Saison, hir Wierker an op de Gebrauch vun den Orchesterinstrumenter. Als Gäscht begréisst de Pit Brosius Musiker·innen aus de Reie vum ONJ, déi op deene verschiddenen Owenter sech selwer an hir Instrumenter presentéieren. Nieft dem Lauschtere vun enger Hellewull un Opnamen, entstinn Diskussiounsronnen, déi jonk Musiker·inne spille Beispiller vir a mir entdecken zesumme wéi de jeeweilege Komponist d’Instrument agesat huet. Des Owenter riichten sech u Meloman·innen, Museksinteresséierter, Hobbymusiker·innen an u Leit, déi wéineg Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt

Keng musikalesch Virkenntnesser néideg

Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch

Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht:
 mail@onj.lu

 

Déi nächst musikalesch RDV’en mam ONJ:

MÉ 18.05.26 | De Sergeij Rachmaninov an en neit Wierk vum Hy-Khang Dang
Gaascht: Hy-Khang Dang

Retour