Les Lundis de l’ONJ

EN ABLÉCK AN D’KLASSESCH MUSEK


Les Lundis de l’ONJ – e labberen Abléck an d’klassesch Musek. Bei dësen Owenter geet et zum Beispill ëm d’Komponiste vun der Saison, hir Wierker an op de Gebrauch vun den Orchesterinstrumenter. Als Gäscht begréisst de Pit Brosius Musiker·innen aus de Reie vum ONJ, déi op deene verschiddenen Owenter sech selwer an hir Instrumenter presentéieren. Nieft dem Lauschtere vun enger Hellewull un Opnamen, entstinn Diskussiounsronnen, déi jonk Musiker·inne spille Beispiller vir a mir entdecken zesumme wéi de jeeweilege Komponist d’Instrument agesat huet. Des Owenter riichten sech u Meloman·innen, Museksinteresséierter, Hobbymusiker·innen an u Leit, déi wéineg Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt

Keng musikalesch Virkenntnesser néideg

Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch

Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht:
 mail@onj.lu

 

SAISON 2026/27

E neit Konzept fir « Les Lundis de l’ONJ » gëtt grad ausgeschafft. Méi Informatioune komme geschwënn!