Les Lundis de l’ONJ – 1

Hannert der Bün

Gäscht: Anne-Catherine Feltgen, Pit Ewen, ONJ
Moderatioun: Pit Brosius

Zesumme mam Team vum ONJ geheie mir e Bléck hannert d’Bün. En intensiven Abléck an d’Komplexitéit vun engem Orchesterprojet.

Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt

Keng musikalesch Virkenntnesser néideg

Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch

Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht:
 mail@onj.lu

 

Iwwert « Les Lundis de l’ONJ » :

De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert mat Gäscht duerch verschidden Themen. Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hellewull verschiddenen Opnamen a villem méi, riichten sech des Owenter u Museksintresséierter, Hobbymuseker·innen an u Leit, déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Retour