Les Lundis de l’ONJ – 2
En Abléck an d’Welt vun der Oper
Gaascht: Tom Leick-Burns, Direkter, Théâtres de la Ville de Luxembourg
Moderatioun: Pit Brosius
D’Oper huet d’Instrumentalmusek staark beaflosst. Mir entdecke verschidde Stiler a geheie mat eisem Gaascht e Bléck op d’Opereprogrammatioun vum Groussen Theater.
Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt
Keng musikalesch Virkenntnesser néideg
Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht: mail@onj.lu
Iwwert « Les Lundis de l’ONJ » :
De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert mat Gäscht duerch verschidden Themen. Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hellewull verschiddenen Opnamen a villem méi, riichten sech des Owenter u Museksintresséierter, Hobbymuseker·innen an u Leit, déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.