LES LUNDIS DE L’ONJ – 3
EN ABLÉCK AN D’KLASSESCH MUSEK – MOZART & TROMPETT
Gaascht: Philippe Neumann
Moderatioun: Pit Brosius
Déi véiert Serie vun de Lundis de l’ONJ fokusséiert sech op d’Komponiste vun der Saison, hir Wierker an op de Gebrauch vun den Orchesterinstrumenter. Als Gäscht begréisst de Pit Brosius Musiker·innen aus de Reie vum ONJ, déi op deene verschiddenen Owenter sech selwer an hir Instrumenter presentéieren. Nieft dem Lauschtere vun enger Hellewull un Opnamen, entstinn Diskussiounsronnen, déi jonk Musiker·inne spille Beispiller vir a mir entdecken zesumme wéi de jeeweilege Komponist d’Instrument agesat huet. Des Owenter riichten sech u Meloman·innen, Museksinteresséierter, Hobbymusiker·innen an u Leit, déi wéineg Erfarung mat klassescher Musek hunn.
Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt
Keng musikalesch Virkenntnesser néideg
Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht: mail@onj.lu
Déi nächst musikalesch RDV’en mam ONJ:
MÉ 16.03.26 | De Jean Sibelius an d’Flütt
Gaascht: Mika Gieres
MÉ 18.05.26 | De Sergeij Rachmaninov an en neit Wierk vum Hy-Khang Dang
Gaascht: Hy-Khang Dang