Les Lundis de l’ONJ – 4. Klangfaarwen an Orchestratioun

Klangfaarwen an Orchestratioun

Invité Claude Kraus (Pianist a Komponist)
Moderatioun Pit Brosius

Mir huelen d’Stécker vum Concert de 15. Abrëll 2023 ënnert d’Lupp, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten an entdecken esou ënnert anerem d’Villfältegkeet vum Piano am Orchester.

De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, a seng Invitéeë féieren Iech bei de „Les Lundis de l’ONJ“ duerch d’Welt vun der klassescher Musek. Mir entdecken zesumme verschidde Méiglechkeete wéi ee klassesch Musek ka lauschteren an esou d’Concertserliefnis intensivéiert: Instrumenter, Melodien a Begleedungen eraushéieren a rëmerkenne wann se zeréck kommen oder verännert ginn. Donieft blécke mir op dat spannend an ofwiesslungsräicht Liewe vu professionelle Museker.innen.

Verbonne mat Diskussiounsronnen, d’Lauschtere vun enger Hällewull vun Opnamen a villes méi, adresséieren sech des Owender un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a gären och un Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Dauer 90 Min. (45 Min. Presentatioun / 45 Min. Diskussioun)
Viraussetzung oppen Oueren
Sprooch Lëtzebuergesch, Däitsch

Präis fräien Entrée
Umeldung erwënscht mail@onj.lu

Retour