Les Lundis de l’ONJ – 5
Dem Richard Wagner seng Operen
Moderatioun: Pit Brosius
Mat Bléck op den nächste Concert weist de Pit Brosius mat ville Beispiller, dass dem Wagner seng Operen méi wéi nëmme laang a schwéier sinn an op wat ee lauschtere kann.
Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Theater,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt
Keng musikalesch Virkenntnesser néideg
Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch
Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht: mail@onj.lu
Iwwert « Les Lundis de l’ONJ » :
De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert mat Gäscht duerch verschidden Themen. Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hellewull verschiddenen Opnamen a villem méi, riichten sech des Owenter u Museksintresséierter, Hobbymuseker·innen an u Leit, déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.