Les Lundis de l’ONJ – 5. Zesummespill

Zesummespill: Wat sinn d’Rolle vun de Museker.innen an dem Dirigent?

Moderatioun: Pit Brosius

D’Kommunikatioun tëschent de Museker ass ee vun de wichtegsten a faszinéierendsten Aspekter mat deenen een sech dacks ausernee muss setzen. Ob verbal oder nonverbal Kommunikatioun, ob an engem Trio, Quartett oder Orchester vun 100 Museker: d’Musek lieft vum zesummeschaffen, spieren, fillen, agéieren a reagéieren. Wéi kann dat goen a brauch een dofir eventuell een Dirigent?

Am zweeten Deel vun dësem Owend kucke mir eis de Programm vum ONJ sengem Concert am Juli méi genau un, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten.
_

De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, a seng Invitéeë féieren Iech bei de „Les Lundis de l’ONJ“ duerch d’Welt vun der klassescher Musek. Mir entdecken zesumme verschidde Méiglechkeete wéi ee klassesch Musek ka lauschteren an esou d’Concertserliefnis intensivéiert: Instrumenter, Melodien a Begleedungen eraushéieren a rëmerkenne wann se zeréck kommen oder verännert ginn. Donieft blécke mir op dat spannend an ofwiesslungsräicht Liewe vu professionelle Museker.innen.

Verbonne mat Diskussiounsronnen, d’Lauschtere vun enger Hällewull vun Opnamen a villes méi, adresséieren sech des Owender un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a gären och un Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Dauer 90 Min. (45 Min. Presentatioun / 45 Min. Diskussioun)
Eenzeg Viraussetzung oppen Oueren
Sprooch Lëtzebuergesch, Däitsch

Präis fräien Entrée
Umeldung erwënscht: mail@onj.lu

Retour