Les Lundis de l’ONJ – 1

Zäitgenëssesch Musek

Gaascht: Catherine Kontz, Komponistin
Moderatioun: Pit Brosius

Wéi gëtt ee Komponist.in a wéi fënnt ee säi Stil? Wéi entsteet en neit Stéck? A wéi kléngt d‘21. Joerhonnert? Dës a vill aner Froe ginn interaktiv diskutéiert.

Plaz: Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergt

Keng musikalesch Virkenntnesser néideg

Dauer: 120 Min. (mat Paus)
Sprooch: Lëtzebuergesch, Däitsch

Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht:
 mail@onj.lu

 

Iwwert « Les Lundis de l’ONJ » :

De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert Iech mat Invitéë bei de Les Lundis de l’ONJ duerch d’Welt vun der klassescher Musek. Wat ass eng Sinfonie? Wéi kann ee mat engem Instrument Villercher nomaachen? Gëllt Jazz an der klassescher Musek iwwerhaapt als „richtegen“ Jazz? Wéi soll Musek vum 21. Jorhonnert kléngen – gëtt et esou lues net schonn alles? A wéi funktionéiert d’Zesummespill vu Solist.in an Orchester?Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hällewull verschiddenen Opnamen a villes méi, riichten sech des Owenter un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a ganz gären och u Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Retour