Les Lundis de l’ONJ

Een Abléck an d’klassesch Musek

De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert Iech mat Invitéë bei de Les Lundis de l’ONJ duerch d’Welt vun der klassescher Musek. Wat ass eng Sinfonie? Wéi kann ee mat engem Instrument Villercher nomaachen? Ass Jazz an der klassescher Musek iwwerhaapt „richtegen“ Jazz? Wéi soll Musek vum 21. Jorhonnert kléngen – gëtt et esou lues net schonn alles? A wéi funktionéiert d’Zesummespill vu Solist an Orchester?

Verbonne mat Diskussiounsronnen, dem Lauschtere vun enger Hällewull verschiddenen Opnamen a villem méi, adresséieren sech des Owenter un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a ganz gären och un Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.

Plaz Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus,
an enger gemittlecher Ronn – fir Gedrénks ass gesuergtKeng musikalesch Virkenntnesser néideg

Dauer 120 Min. (mat Paus) Sprooch Lëtzebuergesch

Fräien Entrée,
Umeldung erwënscht: mail@onj.lu

 

Saison 2024/25:


1. Hannert der Bün

Méindeg 21.10.24 | 19:00 – AUS GESONDHEETLECHE GRËNN OFGESOT – e neien Datum kënnt geschwënn!
Gäscht: Anne-Catherine Feltgen, Pit Ewen, ONJ
Moderatioun: Pit Brosius

2. En Abléck an d’Welt vun der Oper
Méindeg 18.11.24 | 19:00
Gaascht: Tom Leick-Burns, Direkter, Théâtres de la Ville de Luxembourg
Moderatioun: Pit Brosius

3. De Radio an d’klassesch Musek
Méindeg 20.01.25 | 19:00
Gaascht: Luc Boentges, Responsabel Klassesch Musek, radio 100,7
Moderatioun: Pit Brosius

4. Wéi entsteet e Concertsprogramm?
Méindeg 24.02.25 | 19:00
Gaascht: Claude Mangen, Direkter, Mierscher Theater
Moderatioun: Pit Brosius

5. Dem Richard Wagner seng Operen
Méindeg 31.03.25 | 19:00
Moderatioun: Pit Brosius